Wiki Loves Monuments/website/How to participate/lb

From Wikimedia Belgium
Jump to navigation Jump to search
Sprooch: English • Deutsch • français • Nederlands • Lëtzebuergesch

Dir kënnt bei Wiki Loves Monuments matmaachen, andeems Der Biller vu klasséierte Kultur-Monumenter, déi Dir selwer fotograféiert hutt, tëscht dem 1. an dem 30. September 2016 eropluet.

Wéini Der dat Bild gemaach hutt, ass egal. D'Haaptsaach ass, datt Dir et am September wéi ënne beschriwwen eropluet.

En Iwwerbléck vun alle Monumenter an hirer Nummer (fir d'Belsch) fannt Dir hei: Lëschten.

En Iwwerbléck iwwer d'Reegelen an d'Präisser, déi ze gewanne sinn, fannt Dir op der Säit: Organisation.

E Konto opmaachen[edit]

Fir kënne beim Foto-Concours Wiki Loves Monuments an der Belsch an zu Lëtzebuerg matzemaachen,musst Dir e Konto op Wikimedia Commons hunn. Wann Der do nach keen hutt, kënnt Der hei een opmaachen. Dir musst eng valabel E-Mail-Adress op Ärem Konto bei Wikimedia Commons registréiert hunn.

Wikimedia Commons ass déi zentral Datebank fir Biller an aner Medien, déi ë.a. an de sëlleche Sproochversioune vu Wikipedia agebaut kënne ginn.

Biller eroplueden[edit]

Fir kënne Biller eropzelueden, musst Dir op Wikimedia Commons ageloggt sinn. An deem Fall ass de Knäppchen „Umellen/E Benotzekonto opmaachen“ riets uewen duerch Äre Benotzernumm ersat. Dir hutt Méiglechkeeten, d'Biller eropzelueden:

  • Iwwer den Assistent fir Fichieren eropzelueden: Flandern, Wallounien, Haaptstadregioun Bréissel oder
  • Lëtzebuerg
  • andeems Der op "Upload picture" an der Case vun der Tabell op der lëtzebuergescher Wikipedia klickt, wou d'Bild higéiert. Dofir musst Der och virdrun e Konto op Commons opgemaach hunn, an do ageloggt sinn (kuckt uewendriwwer).

Heidrënner steet, wourops Der dobäi oppasse musst.

Wichteg Punkten[edit]

  • Gitt Ärem Bild ("Zieldatei") en Numm, deen eppes ausseet. Beispill: amplaz "IMG 01234.jpg" nennt et "Clervaux Castle seen from South.jpg", "7 rue Principale in Dingelsscheid.jpg", "Kierchtuerm Knupperdang 2012-09.jpg" asw.
  • Bei Monumenter an der Belsch: wielt déi betreffend Regioun aus a schreift d'Nummer vum Monument aus dëser Lëscht dobäi. Déi Lëtzebuerger Monumenter hu keng esou eng Nummer, dofir ass d'Beschreiwung ëmsou méi wichteg.
  • Beschreift Ärt Bild méiglechst genee, a wa méiglech an esou vill Sprooche wéi méiglech. Dir kënnt "Sproochekëschte" fir Lëtzebuergesch, mee och aner Sproochen, eraussichen an derbäisetzen.

Zousätzlech Informatiounen[edit]

Wann der d'Bild eropluet, kënnt Der em eng Kategorie ginn. Zu Lëtzebuerg ass dat z.B. "Cultural heritage monuments in xxx" (xxx = Numm vun der Gemeng op Franséisch).

Wann Der wësst, wéi et geet, kënnt Der d'Bild an déi Lëscht vun de Monumenter, wou et higehéiert, asetzen. Soss kuckt do e Wikipedia-Mataarbechter derno, dat kann dann e bëssen daueren, ier et do ze gesinn ass.



Biller vu Monumenter, déi net am September eropgeluede goufen, oder Biller vu soss Sujete, kënnen zwar net beim Concours matmaachen, sinn awer natierlech ëmmer wëllkomm!