Wiki Loves Monuments/website/Organisation/lb

From Wikimedia Belgium
Jump to navigation Jump to search
Sprooch: English • Deutsch • français • Nederlands • Lëtzebuergesch

De Fotoconcours Wiki Loves Monuments an der Belsch an zu Lëtzebuerg gëtt organiséiert vu bénévolë Mataarbechter vu Wikipedia an e puer Sproochversiounen. D'Zil vu Wikipedia ass et, an souvill wéi méigleche Sproochen eng fräi Internet-Enzyklopedie opzebauen. Dëse Concours hei huet als spezifescht Zil, klasséiert Monumenter doruechter dem Public bekannt ze maachen an d'Artikelen zu deenen Objeten mat Biller ze beräicheren, déi och nach ënner enger fräier Lizenz stinn, d.h. vu jidderengem virugebraucht kënne ginn.

De Foto-Concours Wiki Loves Monuments leeft vum 1. bis den 30. September 2016.

Reegelen[edit]

  • d'Biller musse vum Fotograf selwer eropgeluede ginn, an zwar an der Period vum Concours (d.h. am Laf vum September);
  • d'Biller kréie vun hirem Auteur eng fräi Lizenz, hei par défaut d'Creative Commons Lizenz CC-BY-SA 3.0;
  • d'Biller sollen an enger raisonabeler Opléisung sinn (keng "Timberen");
  • Beim Eroplueden muss (fir d'Belsch) d'Identifikatiounsnummer vum Objet ugi sinn (hei ze fannen; bei Objeten zu Lëtzebuerg muss den Numm vum Fichier deen Der eropluet an d'Beschreiwung déi Der ëm gitt, et erméiglechen, den Objet z'identifizéieren (well et gëtt keng offizielll ID-Nummer);
  • Fir matzemaachen muss Der Iech op Wikimedia Commons enregistréiert an do eng valabel E-Mail-Adress uginn hunn;
  • D'Décisioune vum Jury sinn endgülteg a kënnen net contestéiert ginn.


Mir soen eise Partner a Sponsore Merci, fir dass dës Präisser méiglech sinn. Kuckt dofir d'Iwwersiichtssâit: Partners & Sponsors.