Wiki Loves Monuments/website/Press/lb

From Wikimedia Belgium
Jump to navigation Jump to search
Sprooch: English • Deutsch • français • Nederlands • Lëtzebuergesch
d'Zitadell vun Namouer
D'Stadhaus vu Léiwen
de Beffroi vu Mons

Op dëse Säit sti Presse-Communiquéen an Artikelen an de Medien iwwer Wiki Loves Monuments.

Presse-Communiqué[edit]

"E Bild seet méi wéi dausend Wierder"

2011 feiert Wikipedia hiren 10. Gebuertsdag. Am leschte Jorzéngt gouf eng Hellewull u Wëssen an Informatiounen a Milliounen Artikele bäigesteiert. Dausende vun eenzelne Fräiwëllegen, mee och Institutiouen a Stëftungen, hunn hiert derzou bäigedroen. Leider feelen nach ëmmer vill ze vill Biller fir an déi sëllegen Artikelen. Dat betrëft net nëmmen dës Enzyklopedie – dacks hunn ëffentlech Institutioune selwer keng adequat Biller.

Dat ass de Grond, firwat verschidde fräiwëlleg Wikipedia-Mataarbechter aus Flandern, Wallounien, Bréissel a Lëtzebuerg de "Wiki Loves Monuments"-Projet opgesat hunn. Et handelt sech dobäi ëm e Concours fir de Grand-public iwwer klasséiert Monumenter, Landschaften an Objeten doruechter. Dëse leeft wärend dem Mount September, dee Mount, an deem och den Dag vum Oppene Monument / Journée du Patrimoine doruechter organiséiert gëtt.

D'Format vum Concours ass ganz einfach: Et mécht ee Fotoe vu klasséierte Monumenter oder Objeten a senger Noperschaft, an et sëtzt een se mam Formulaire op dësem Site online. Dëst mécht net nëmme Spaass an 't léiert ee seng Noperschaft mat aneren Aen ze gesinn; et hëlleft och, déi gréissten Enzyklopedie vun der Welt nach méi komplett ze maachen.

All Biller gi vun enger professioneller Jury nogekuckt, mat derbäi ass ë.a. de bekannte Presse-Fotograf Michiel Hendryckx. D'Jury sicht déi 15 bescht eraus a verdeelt d'Präisser Déi beschten 10 ginn och fir de Concours fir déi beschte Biller op europäeschem Plang nominéiert.


Hannergrond
An der Belsch an zu Lëtzebuerg ginn et eng ganz Rëtsch klasséiert Monumenter, Landschaften an Objeten. Zu ville gëtt et schonns en Artikel op der Wikipedia, mee net ëmmer sinn do Biller derbäi, déi den Text ergänze kéinnten.


Praktesch Informatiounen

Do gëtt et Lëschten zu alle klasséierte Monumenter, Siten an Objeten an der Belsch an zu Lëtzebuerg, klasséiert no Regioun an no Gemeng. Dacks sti Koordinaten derbäi, déi et méi einfach maachen, d'Objeten ze fannen.

Wee wëll matmaachen, muss seng eege Biller selwer eroplueden, an se mussen ënner enger fräier Lizenz stoen.




Iwwer Wikimedia Commons
D'Fotoe fir de Concours ginn op de Site vu Wikimedia Commons eropgelueden. Dës ass déi zentral Online-Datebank vu Biller, Videoen, Toun- a soss Dokumenter mat enger fräier Lizenz, déi op deene sëlleche Sproochversioune vu Wikipedia an an anere Projete vun der Wikimedia Stëftung zougänglech gemaach ginn. Et ginn ewell iwwer 10,5 Millioune Fichieren op Commons, a méi wéi 25.000 Fräiwëlleger droen do reegelméisseg derzou bäi.

D'Biller kënnen deemno a Wikipedia-Artikelen agesat ginn. Well se fräi zougänglech sinn, kënnen se och soss doruechter vu jidderengem gebraucht ginn.


Iwwer Wikipedia
Wikipedia ass eng Online-Enzyklopedie, där hir Artikele vu jidderengem geännert a beräichert kënne gin. D'Informatiounen dodranner kënne vu jidderengem fräi a gratis benotzt ginn. Déi englesch Versioun vu Wikipedia huet de 15. Januar 2001 ugefaang. D'Wikimedia Foundation këmmert sech ëm de Website. Wikipedia gëtt et mëttlerweil an 270 Sproochen; se huet eng 100.000 Bénévolen, déi dru matschaffen, a sech ëm déi ronn 15 Milliounen Artikele këmmeren. Iwwer 350 Milliouen eenzel Leit kucken all Mount an d'Wikipedia eran. D'Wikipedia op Lëtzebuergesch huet bis ewell ronn 33.500 Artikelen, an et kommen der all Dag neier bäi.


Wiki Loves Monuments